Säi Selbstwäertgefill stäerken

en Atelier fir Erwuessener

Samschdeg, den 15. Oktober vun 9h30-12h, zu Diddeleng

 

E staarkt Selbstwäertgefill ass wichteg fir sech wuelzefillen an zefridden ze sinn. Et gëllt och als bedeitsame präventive Facteur géint psychesch Krankheeten. Mee jidderee mécht Erfarungen, déi d’Selbstwäertgefill schwächen, oder kennt Selbstzweiwel, wéi zum Beispill: „Ech ka näischt“, „Ech si net gutt genuch“, „Keen huet mech gär“,„Déi Aner maachen dat besser“. Wann een dacks Angscht huet oder sech schummt, kann et och sinn dass dat un engem manner gudde Selbstwäertgefill läit. Mee déi gutt Noriicht ass: Et kann een och als Erwuessenen säi Selbstwäertgefill stäerken.

An dësem Atelier gëtt als éischt theoretescht Wëssen zum Selbstwäertgefill vermëttelt, andeems wichteg Begrëffer an d’Bedeitsamkeet vum Selbstwäertgefill ënnerstrach ginn. Et gëtt thematiséiert, wéi eng wäertschätzend Haltung sech selwer géigeniwwer ausgesäit an zum Wuelbefannen bäidréit. Duerno gi Beräicher virgestallt, an deenen d’Selbstwäertgefill eng besonnesch wichteg Roll spillt, zum Beispill den Ëmgank mat den eegenen Emotiounen an d’Kommunikatioun mat de Matmënschen. Unhand vu prakteschen Übungen a Beispiller gëtt den Afloss vum Selbstwäertgefill erlieft. Doraus ginn Iddien ofgeleet, wéi ee säi Selbstwäertgefill am Alldag stäerken oder oprechterhale kann.

Wou?

Fondation Pro Familia

5, rte de Zouffgen

L-3598 Dudelange

 

Aschraiwungen: Tel 51 72 72; info@pofamila.lu

 

dësen Atelier gëtt organiséiert am cadre vun der semaine de la santé mentale

download flyer

 

 




Actualités
21.09.2022
Säi Selbstwäertgefill stäerken
Atelier, Samschdeg, den 15. Oktober vun 9h30-12h, zu Diddeleng plus »
19.09.2022
Groupe de parole - Hei sin ECH! Fir e staarkt Selbstbewosstsäin
Début du prochain groupe le mardi, 4 octobre 2022 plus »
29.08.2022
Groupe pour enfants sur la violence domestique
un nouveau groupe débute en octobre plus »
25.07.2022
Groupe de parole pour femmes
Violence domestique - Ne pas rester seule plus »
30.05.2022
Groupe pour parents
Boîte à outils pour l'éducation - Schatzkiste Erziehung plus »
» plus d'actualités