den 11. März um 18h30
All Mënsch huet Urecht op eng affektiv a sexuell Gesondheet. Dowéinst brauch et Servicer a Strukturen fir Hëllef, Berodung a Begleedung. Wat ass den Impakt vum Covid-19 op den Accès an d'Servicer vun der affektiver an sexueller Gesondheet fir Leit mat engem Handicap, fir Kanner a Jonker, fir Familljen? Wat fir Strategien a Praxisbeispiller goufen entwéckelt, fir dëse Persounegruppen an der Pandemie z’hëllefen, ze beroden an ze begleeden?
Doriwwer diskutéieren Intervenant.en aus dëse Strukturen:
Martine Schaul, Laboratoire national de Santé
Fernande Dahm, Day Center Ligue HMC
Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher - OKaJu
Catherine Cappelle an Elie Gottlieb, Pro Familia Luxembourg
Moderatioun: Nathalie Reuter
https://www.cesas.lu/fr/evenements.php